Berodung


Berodung virun der Adoptioun vun engem Mupp / enger Kaz
Berodung bei der Wiël vun der richteger Rass
Berodung a Begleedung bei der Adoptioun vun engem Déierchen aus 2. Hand





Antas & Bijou

Berodung virun der Adoptioun vun engem Mupp / enger Kaz

- Dier spillt mam Gedanken Iech e Mupp oder eng Kaz unzeschaafen?
- Dier wësst nët ob et e groussen, e mëttelgrousse oder e klénge Mupp soll sin?
- E Welpen oder en ausgewuessene Mupp, ë Weibchen oder ë Männchen?
- Vum Ziichter oder der Famill, wou d’Muppemamm liewt oder aus dem Déierenasyl, vum Déiereschutz?
- Dier frot Iech ob e kuerzhäeregen oder e laanghäerege Mupp an d’Haus kënnt?
- Soll de Mupp kannerfrendlech sin, sech mat aneren Déiere verdroen, an enger Wunneng oder engem Haus mat groussem Gaart wunnen?
- As am Daag een doheem oder nemmen deelweis, oder de ganzen Daag iwer guer net?
- Aus wéiville Persounen besteet Äer Famill? – Wéieng Altersklassen si vertrueden?
- Wéivill Zäit hudd Dier fir de Mupp? - Wëllt Dier mam Mupp jogge goen, wanderen, Agility maachen oder léiwer um Canapé schmusen?

- Eng Kaz oder e Kueder?
- Eng Rassekaz oder eng ganz normal Europäësch Kuerzhaar?
- Eng kléng vu 6 Wochen oder eng ausgewuessen?
- Kritt d’Kaz Fräilaf oder gëtt et eng Wunnengskaz?
- Wéivill Zäit hudd Dier fir d’Pfleeg vun der Kaz ageplangt?

Virun der Adoptioun vun engem Mupp oder enger Kaz, soll räiflech driwer nogeduecht gin an déi uewen opgelëschten Punkten berücksichtegt gin!
Et geet heibäi ëm ë Liëwewiesen, dat een net einfach erem ëmtauschen kann, wann et awer net dat as, wat een sech virgestallt hat!

Soll et e Rassemupp oder eng Rassekaz sin, muss gekuckt gin, wéi eng Eegenschaften vun de Rassen am Beschten bei Iech an Äer Famill passen!




Loona

Berodung bei der Wiël vun der richteger Rass

Ier Dier Iech ee Rassemupp oder eng Rassekaz eraussicht, muss folgendes onbedengt berücksichtegt gin:
De Rassemupp dierf net nëmmen nom Augesin erausgesicht gin.
Vill Leit kucken an eng Déierenzäitschrëft, fannen dee Mupp super schéin, d'Kanner natierlech nach méi, an da muss et deen sin a keen aneren!
Gefalen soll d’Déierchen engem natierlech schon, awer passt déi Rass an Äer Famill, Äert Ëmfeld, bei Iech perséinlech?
Et steet bei engem Kaf vun engem Rassemupp vill Geld um Spill an d’Schicksal vum Mupp selwer, do soll dach virdrun emol eescht driwer nogeduecht gin. Schliesslech kann een de Mupp net einfach erem zréck an de Butték emtausche goen!

Verschidde Rasse gin nun mol no bestëmmte Rassekarakteristiken geziicht.
Dat heescht, si goufen fréier fir eng Aarbecht geziicht, woubäi hir Karakteristiken dann fir déi Funktioun och duerno ausgewielt goufen an déi erfollegräichste Muppen vun deër Kategorie ëmmer erem mateneen geziicht, fir déi Merkmaler nach méi prägnant ze kréien an ze erhalen.
Wiëlt Dier e Juegdhond, musst Dier a Kaf huelen, dass dee Mupp méi Juegddriff opweist wéi e Schutzhond.
Verléiwt Dier Iech an déi wonnerschéin, wäiss Häerdeschutzhënn, wéi de Kuvasz, de Montagne des Pyrénées oder den Maremma-Abbruzzese, huelt Dier a Kaf, dass si schei vis-à-vis vu Frieme sin, si sin extrem selbststänneg, si beschützen a bewaachen hiren Territorium an sin immens op Billfreedegkeet geziicht.
...

Ausserdem muss e serieuxën Ziichter gesicht a fond gin, een deen ënner anerem nemmen 1, maximal 2 verschidde Rassen ziicht, deen nemmen 1 Worf pro Joer kritt, an op Gendefekter/Ierwdefekter oppasst.

Bei der Auswiël vun enger Rassekaz geet et manner ëm d'Rassemerkmaler ewéi bei de Muppen, mee et gin och do Ënnerscheeder, z.B bei der Pfleeg,do gin et laanghäereg Kazen, déi vill Pfleeg brauchen an déi dann och zäitopwenneg as.
An et gin och méi energësch a manner energësch Rassekazen, soudass och dëst eng Iwerleëung waert ka sin.
An natierlech steet och bei de Rassekazen, d’Sich no engem sérieuxën Ziichter un 1.Stell!




Tierheim

Berodung a Begleedung bei der Adoptioun vun engem Déierchen aus 2. Hand

Dier hudd Iech alles ganz genau durch de Kapp goe gelooss an Iech dofir entscheed een Mupp oder eng Kaz aus dem Déierenasyl oder vum Déiereschutz z’iwerhuelen.
Dozou kann een Iech nemmen begléckwënschen!
Déi uewegestallte Froën sin dee Moment schon all beäntwert an Dier sidd Iech elo bewosst, dass Dier héichstwahrscheinlech e Mupp oder eng Kaz mat enger ongewësser Vergaangenheet bei Iech huelt.
Dëst ka méi oder manner schlëmm sin a sech och méi oder manner schlëmm op d’Verhalen vum Mupp a vun der Kaz auswierken.
Ech stin Iech zur Verfügung, gin op Wonsch mat d’Déier ukucken, an d’Déierenasyl oder bei den Déiereschutz, ech kann Iech och no der Adoptioun nach gaere weiderbegleeden an Iech mat Root an Doot zur Säit stoen, fir dass de Mupp/d’Kaz sech gudd bei Iech aliewt an keng Mëssverständnësser entstin.










info@pet-psy-cafe.eu