Déiereschutz
Säit mer am August 2002, d'Antas op Sardinien gerett hun, war ech nach méi dovunner iwerzeegt, dass méi am Déiereschutz gemach muss gin an ECH mech och méi investéiere misst.
Jiddereen muss eng Hand mat upaken a vu kléngem un mussen d’Kanner doropshin erzun gin.
Et muss méi driwer geschwat gin an eiser Gesellschaft an méi aktiv geschafft gin.
De Mënsch muss erem Respekt virum Déier kréien.
Déiereschutz betrëfft eis all an ë betrëfft och all Déier.
Nët nemmen d’Muppen an d’Kazen, déi an den Déierenasyler sëtzen, mee och all déi aner wëll Déieren, denen hir Rechter a Liewensräim mir andauernd beschneiden, zu eisem Profitt.
Mir huelen hinnen Felder a Wisen ewech, well mer grad do baue wëllen, well eng Autobunn doduerch muss, oder eng Bréck gebaut gëtt.
Mir joën de Wollef, den Elefant, den Tiger, de Léiw, fir dass mer en am Zirkus bewonneren kënnen, wéi en seng Konschtstécker virféiert, zu denen e gequält gin as, bis en se vollbruecht huet!
D’Déieren gin mësshandelt, vergewaltëgt, ausgesaat, vernooléissëgt, gequält a gefaange gehalen, doutgeschloen, kréien hire Pelz geklaut, hir Daunen lieweg gerupft, fir eise Genoss lieweg d‘Hamen ausgerappt, si gi vollgestoppt fir lecker Gänsestopfliewer, fir Tester agesaat, ageschléifert wann ët dem Mensch passt, erhéngeren a verduuschte gelooss,...
Wen huet dem Mënsch d’Recht gin, sech iwert d’Rechter vum Déier ewech ze setzen?
Vun 2005 bis Enn 2007, soulaang ech am Frankräich geliewt hun, war ech „Inspectrice bénévole“ vun der Fondation Brigitte Bardot .
Vum Mäerz 2008 un, säit mer d'Lucy adoptéiert hun, sin ech Member vum saarlännësche Déiereschutzveräin Tiere-in-Not-Saar a féieren och hir Facebook-Säit.
Ennert anerem, ënnerstëtzen ech all Mount mat enger Patenschaft de Perry vum Veräin Tierfreunde helfen Tieren in Not E.V., an hun eng Wollefspatenschaft.
Säit 2009 organiséieren ech all Joer op Pappendag de Marsch fir den Déiereschutz an ech wäert och weider probéieren eppes ze veränneren.
info@pet-psy-cafe.eu