Ernährung


Och d'Ernährung vun Äerem Mupp an Äerer Miez as wichteg fir seng artgerecht Haltung ze garantéieren a soll drengend berücksichtegt gin.
Och doriwer soll ee sech am Virfeld seng Gedanke machen a sech e Grondwessen uneegnen.
Wat de Mupp an d'Miez betrefft, musse mer eis als éischt emol mat zwee Grondbegreffer auserneen setzen:
- Karnivore (Fleesch(fr)iesser an
- Omnivore (Alles(fr)iesser).


Béid Arten gehéieren zur Gattung vun de Säugetiere an der Uerdnung vun de Karnivoren, mee et gett een Ennerscheed: d'Kaz kann net iwerliewen ouni dass se Fleesch an irgendenger Form konsuméiert.

Muppen, op der anerer Säit, kennen nemmen mat planzlechem Gewebe iwerliewen; si mussen keen Fleesch zou sech huelen. Mee opgepasst, Muppen kennen ouni Fleesch iwerliewen, do gett et awer elo e groussen Ennerscheed teschent iwerliewen an gudd ernährt sin.

Muppen sin keng Planzen(fr)iesser, si gehéieren zu den Alles(fr)iesser an dat heescht, dass dat totalt Fehlen vun Fleesch an hirer Ernährung zu Ernährungsdefizitter féiere kann. Just well Muppen sougudd Planzen ewéi och déieresch Nahrungsquellen verdaue kennen, bedeit dat net, dass planzlecht Gewebe aleng eng komplett Ernährungsquell fir den Hond duerstellt.

Et gin vill chemesch Substanzen, déi d'Kazen an d'Muppen brauchen fir z'iwerliewen.

Souwéi aner lieweg Planzen an Déieren, stellen d'Kazen an d'Muppen vill vun hiren iwerliewensnoutwennegen Substanzen an hiren Kierperen selwer hir. Vitamin C as zum Beispill eng Viraussetzung fir d'liewenserhalend Prozesser vun de Säugetiere (wou och d'Menschen dozougehéieren).

D'Muppen an d'Miezen stellen de gréissten Deel an der chemescher Fabrik an hirem eegene Kierper hir, der Liewer! Mir Menschen stellen es op natierlechem Wee net genuch selwer hir… dofir musse mer eis es an eiser Emwelt beschafen. Ouni d'Anhuelen vun Vitamin C an eiser Ernährung, géife mer stierwen.

D'Muppen an d'Kazen brauchen sech em Vitamin C an hirer Ernährung keng Gedanken ze machen, si machen sech hire Vitamin C selwer an hirem eegene Kierper.


Dest gelt awer net fir all Nährstoffer a Chemikalien. zum Beispill brauchen vill Nährstoffer an Chemikalien, déi si nemmen durch d'Iessen vun Déieren-staamend Gewebe (Fleesch) kréie kennen. An der fräier Weldbunn musse si lieweg Kreaturen joen fir zu wesentlechen Chemikalien ze kommen, déi si op natierlechem Wee net hirstellen. Aus der Noutwennegkeet eraus huet d'Kaz sech Methoden ugeluegt, fir Déieren ze joen, ze fänken an z'iessen fir sech doraus verschidden Nahrungsstoffer ze "léinen".

Kazen an Muppen kennen net mat deemselwechte Fudder gefiddert gin. Wou de Mupp vläicht kapabel wier mat Kazefudder z'iwerliewen, géif eng Kaz relativ schnell beim Muppefudder agoen. Hei e puer Ernährungsennerscheeder teschent Muppen a Miezen:

Vitamin A:

Och Retinol genannt!
Kazen hu keng Enzymen, déi planzeproduzéiert Carotenoiden ofbauen. Dat heescht, dass si "virgeformten" aktiven Vitamin A iesse mussen (dat as Vitamin A, dee schon an eng aktiv Form vu planzeproduzéierte Carotenoiden vun enger anerer Kreatur wéi enger Maus oder enger Kanéngchen emgewandelt gouf).

Muppen hun Enzymen am Daarmgewebe, déi planzlech Carotenoiden an aktiven Vitamin A emwandelen.

Taurin:

Eng Aminoseier, déi net a Proteinen agebaut as, mee durch de gréissten Deel vum Kierpergewebe verdeelt as. Taurin as wichteg fir déi gesond Funktioun vum Häerz, vun der Retina, vun der Gaaleflessegkeet a fir gewessen Aspekter vun der Fortpflanzung.
Kazen mussen virgeformten Taurin iessen, a well Taurin net a planzlechem Gewebe ze fannen as, muss d'Kaz Fleesch iessen fir zu Taurin ze kommen. Kazen kennen keen eegenen Taurin hierstellen, dofir as Taurin an der Kazenernährung wesentlech!
Muppen hun hir eegen intern chemesch Taurin Fabrik.

Protein:

Kazen : Beim Fidderen vun enger perfekter ausgewoener an engem zu 100% verdaulechem Protein an der Ernährung, benotzt d'Kaz dovun 20% vum Protein fir de Wuesstumsmetabolismus an 12% fir d'Versuergung.

Muppen: Beim Fidderen vun enger perfekter ausgewoener an engem zu 100% verdaulechem Protein an der Ernährung, benotzt de Mupp dovun 12% fir de Wuesstumsmetabolismus an nemmen 4% fir d'Versuergung.

Fazit: Kazen brauchen méi Proteinnen an hirem Metabolismus ewéi d'Muppen. Deen héichen Proteingehalt am Fleesch as wesentlech an der Kazenernährung.

Et gett keng vegetaresch Ernährung fir Kazen!

A wann Dier Äer Kaz mat enger Hausmaacher Fleeschmixtur fiddert, kann och desaströs Konsequenzen hun!


Muppen kennen mat Reschter vum Desch iwerliewen (och wann dest net als optimal Ernährung empfohle gett). Kazen kennen dat net! Fir eng ausgewoen Muppenernährung soll eng Mixtur aus Fleesch (réih oder aus der Dous) an Dreschefudder gefiddert gin.
Passt op, dass wann Dier Naass-, oder Fiichtfudder kaft emmer genuch frescht Waasser zur Verfügung ze stellen an, dass bei Dreschefudder emmer "Alleinfutter"oder "Komplettnahrung" dropsteet.
Réih Schanken sin och positiv fir de Mupp, si knaen op de schanken an dest as gesond fir hir Zänn an hirt Zännfleesch, souwéi d'Fleesch an d'Muersch gesond sin vun den Nährwäerter hir.
Just opgepasst op kleng zerbriechlech Schanken, des kéinten am Hals oder am Daarm hänke bleiwen.

D'Kazen brauchen eng Ernährung, déi räich u Proteinnen/Fett as an op Fleesch baséiert, dat genau esou räich u spezifeschen Vitaminnen an Mineralien as, déi d'Miez braucht. Dat heescht och, dass selwer virbereedent Kazefudder oft en Nährwäertmangel opweist, déi fir d'Kaz spezifesch sin.

Folgend Reegelen sollte bei der Kazenernährung beuecht gin:

1. Fiddert der Kaz net nemmen réiht Fleesch als eenzeg Ernährung. Dest kann zu skelettartegen Probleemer féieren. An der fräier Weldbunn iessen d'Kazen wuel réiht Fleesch, awer net nemmen! Si iessen dat ganzt Déier! … mam Häerz, de Longen, der Liewer, dem Gedäerms, asw… aus desen Organer kritt d'Kaz all Nährstoffer, déi et brauch.
Dofir as Dousefudder fir Kazen besser ewéi déi beschte Fleeschfilet, deen de Besetzer kafe kann.

2. Fiddert Äer Kaz net mat Muppefudder.

3. Eng erwuesse Kaz sollt eemol eng grouss Portioun oder ee bis zweemol den Daag eng méi eng kleng Portioun Fudder kréien.

4. Kätzercher tescht 6 an 12 Wochen sollten 4x den Daag gefiddert gin, tescht 3 a 6 Méint 3x den Daag.


Och wann Dier emmer erem gesot kritt, et soll een de Kazen eng Schossel Mellech dohinner setzen, Kazen kennen Kouhmellech nemmen schlecht verdauen an dest kann zu Durchfall féieren. Si si frou mat extra Leckereien, mee et soll ee schon op d'Quantitéit oppassen. Déi meescht Leckerlie si räich u Fett, wou op d'Gewiicht schloe kann.

E klengen Insidertipp, wann Dier elo no all desen Informatiounen op der Sich no deem richtege Qualitéitsfudder fir Äere Mupp oder Äer Miez sidd:

REICO Produkte von Tania Hoffmann

Wat as bei Reico anescht ewéi bei all aneren industriellen Fuddermettel?

1. Dat eenzegt Déierefudder am mineralesche Gläichgewiicht
2. Ouni Fell-, Lock an Aromastoffer
3. Ouni chemesch Faarwstoffer, Konservéierungsstoffer an Zousätz
4. Ouni Fettzousätz
5. Ouni Déieremiel a Soja, an ouni Planzen an Getreidemiel
6. Ouni genmanipuléiert Rohstoffer
7. Ouni chemesch Déckungsmettel
8. Schounend Veraarbechtung durch Kaloffellung
9. All Bestanddeeler fir den Mensch zougelooss
10. Ganz héichen Fleeschundeel
11. Ouni Schleefen, heemgeliwwert
12. Ouni Déiereversich


Am Muppen-Naassfudder as minimum 64-74% Fleeschundeel dran.

Am Miezen-Naassfudder as och e minimum vun 66% Fleeschundeel dran.

Kuckt roueg emol eng Kéier op Äert deiert Fudder, wou Premium dropsteet oder wou d´Dier mat rouegem Gewessen beim Veterinaire kaft hudd, wéivill Prozent Fleesch(!!!) - net Fleeschmiel - dran as a liest bei Interessi "Schwarzbuch Tierfutter: Katzen würden Mäuse kaufen.

Fir all wieder Informatiounen heizou, stin ech gaeren zur Verfügung.












info@pet-psy-cafe.eu