Antas & Bijou Merci, dass Dier de Wee op dës Säit an an de Pet-Psy-Cafe fond hudd.

Pet-Psy-Cafe steet fir d'Psychologie an d'ugebuërent Verhalen vun eisen léiwen Hausdéieren, ganz speziell bezunn op d'Muppen (Canis) an d'Kazen (Felis).

D'Ausdrocksverhalen as bei de Muppen wéi och bei de Kazen dat eenzegt Kommunikatiounsmëttel ausser dem Billen oder Miauën. Kënnt Dier hondësch?

Dat neit Muppegesetz huet vill Diskussiounen, Froën an Onverständnës ausgeléist!
Et as nach vill Opkläerungsaarbecht an desem Beräich ze leeschten, well Rassendiskriminéierung as NËT d'Léisung!

Wëllt Dier e Mupp adoptéieren oder kafen, e Welpen oder en erwuëssenen Hond, vu privat, vum Déiereschutz, aus dem Asyl oder ë Rassemupp vun engem Ziichter?
Dier wësst net wéieng Virkéierungen Dier treffe musst ier de Mupp heemkënnt?
Dier wëllt Iech informéieren, wat op Iech an Äer Famill duerkënnt, wann een neie Familjemember bäikënnt?
Dier sidd Iech net 100%-ëg secher oder eens, wéiee Mupp et soll sin?

Dier hudd ë Mupp, an e verhält sech net esou wéi Dier Iech dat virstellt?
Dier wësst net, wéi Dier dat onerwënscht Verhale beaflossen oder ofstelle kënnt?
Dier hudd e Mupp mat Verhalensstéierungen, Trennungsängscht oder ë Second-hand-Mupp mat onbekannter Vergaangenheet?
Dier wëllt ë Mupp oder eng Kaz adoptéieren, a wësst net, wou ufänke mat sichen.... Och dann sidd Dier hei genau richteg!

All déi Punkten gëllen och am Fall, wou Dier eng Kaz hudd oder adoptéieren / kafen wëllt, sief et eng kleng, jonk, eng erwuëssen oder eng Rassekaz vum Ziichter, ech stin Iech bei all Äeren eventuellen Froën gäeren zur Verfügung.

Zéckt also nët Iech folgend Säiten unzekucken, an och am Fall, wou Dier eppes net sollt fannen, Iech bei mir ze mellen.

Mat léiwe Gréiss,
Tania Fettes



"D'Gréisst an de moralëschen Fortschrëtt vun enger Natioun kann een dorun moossen, wéi së hir Déieren behandelt."
Mahatma Gandhi







info@pet-psy-cafe.eu