News


08.10.2011 Den 3. Marsch fir den Déiereschutz war och 2011 e groussen Erfolleg!
Villmols Merci u jiddereen deen mat dobäi war, méi Infos dozou op der Säit vum Marsch hei um Site.
Reservéiert Iech bei Interessi alt schon den 7. Oktober 2012 fir dee 4. Marsch!

06.10.2011 Interview am Bistro vum Radio ARA mam Céline

08.06.2011 Schoulprojet "Umgang mit Hunden lernen" geet an déi 1. Ronn!

20.05.2011 De Marsch fir den Déiereschutz fënnd och dëst Joer erem statt.
Reservéiert Iech dëst Joer och erem Pappendaag a gidd mat.
Mir treffen eis de Sonndeg, 2. Oktober um halwer 3 um Glacis a gin um 15.00Auer fort, durch de Park a Richtung Knuedler.
Mir demonstréieren friddlech fir den Déiereschutz!
Bréngt selwergemaachten Plakate oder aner Affichë mat, déi dat ausdrécken, wat Iech Punkto Déiereschutz um Häerz läit an op wat Dier speziell wëllt opmierksam machen!
Et gi keng INTOLERANT Transparenter an Ugreff géint Fleeschéisser an/oder Vegetarier geduld!
Themen (z.B.:):
Géint Déieremësshandlungen & Déierequälerei zu Lëtzebuerg
Géint Rassendiskriminéierungen a Rasselëschten zu Lëtzebuerg
Fir e bessert Déiereschutzgesetz FIR eis Hausdéieren a GEINT Déierequäler zu Lëtzebuerg!
Fir eng (besser) EUTHANASIEkontroll !
All gudd sozialiséierte an ugeléngte Mupp as wëllkomm, soulang heen mam Stress ënnert ville Leit an anere Muppe emgoë kann.
Denkt och fir dee "klengen Akzident" ennerwee un "Doggy bags"!

Als Zeechen vun eiser Zesummegehéieregkeet, dot w.e.g. eppes Roudes un.
Fir weider Informatiounen, stin ech Iech gaeren zur Verfügung an: D'Déieren zielen op Iech!


19.12.2010 De Rock for the HOuse of Grace war e vollen Erfolleg.
Ech bedanke mech nach eemol bei mengen groussen Déierefrënn, déi dest erméiglecht hun a grousszügeg gespend hun. E grousse Merci geet och anch emol un d'Josée vum Café an der Source an un d'Bands Thousand Lakes an ShadoWhispers déi gratis fir de gudden Zweck gespillt hun.
Et sin alles an Allem stolz 1.470Euro gespend gin, woubäi dun nach Leit dropgeluegt hun bis am Ganzen 1.595,90Euro zesummewaren, déi deeselwechten Owend nach un d'Galgo-LOvers asbl iwerreecht goufen.



29.11.2010 Concert "Rock for the House of Grace" am Café An der Source a Clausen.
Kommt all den 18. Dezember ab 20.00Auer an de Café An der Source a Clausen, 5 Allée Pierre de Mansfeld, wou d'Wirtsfra hire Café gaeren fir desen gudden Zweck zur Verfügung stellt.
Thousand Lakes a ShadoWhisperS spillen live a verzichten op hir Gage fir de gudden Zweck!
All Cent vun den Entréesticketën, sief et vum Virverkaf (3€) oder der Oweskeess (5€) geet un d'Galgo-Lovers a.s.b.l. an kënnt och mat 100%-eger Secherheet um Ziel un, dofir dierft Dier och gaeren méi spenden, ewéi um Ticket steet.
D'Spenden gin nach deeselwechten Owend kuerz virum Schluss vum Concert un d'Galgo-Lovers a.s.b.l. iwerreecht.
Hei kënnt Dier Iech de Flyer eroflueden a fir all weider Informatiounen iwert d'Organisatioun (och Pressematdeelungen) an de Virverkaf kritt Dier hei bei der Organisatorin um 691 955 039.

20.11.2010 De WorldWide March for Animal Rights 2010 ", deen de leschten 3. Oktober an der Stad stattfond huet, war erem e groussen Erfolleg! Ech soen all dene Leit, e ganz grousse Merci, déi sech d'Zäit geholl hun (mat hire Muppen) deelzehuelen an esou drop opmierksam ze machen, dass eis Déiercher méi Schutz a méi Rechter brauchen.
Fotoen fand Dier hei an hei.

27.07.2010 Zesummen mam Patricia Welscher setzen ech mech dofir an en (Haus-)Déierenkierfegt an/oder Krematorium op Letzebuerg ze kréien.
Eng 1. Question Parlementaire vum Här Fernand Kartheiser as an der Chamber ofgelehnt gin, de Staat wéilt dat net finanzéieren, et as dofir kee Budget virgesin, wann et aus privater Hand finanzéiert an op d’Been gestallt géif gin, wier de Landwirtschaftsminister awer och net kategoresch dogéint.
Mir hun schon puer Weër angeleed, mee mir brauchen awer och Äer Ennerstetzung mat Äerer Ennerschreft op eiser Pétitioun.
Haut Denschdeg, 27. Juli 2010 as e Reportage am RTL Journal um Radio souwéi en Artikel am Quotidien.
Den Donneschdeg, 29. Juli 2010 um 7h35 as och um Radio 100,7 en Interview iwert de psychologeschen Aspekt vun desem Thema.
Mir géifen eis freën, wann Dier eis och nach bei deser Pétitioun, déi bis Enn September leeft, ënnerstetze géift.
All weider Informatiounen fannt Dier um Internet beim Begleettext vun der Pétitioun oder natierlech bei eis.
Fir all dei, dei dofir sinn an eis wellen ënnerstetzen, as hei mol den Link fir online ze ënnerschreiwen, oder hei zum Eroflueden d‘Lëscht fir um Pabeier z‘ënnerschreiwen.

10.12.2009 Deen Daag as den Internationalen Daag vun den Déiererechter an net nemmen vun de Mënscherechter, an dofir organiséieren mir an dësem Sënn an a Solidaritéit mat Uncaged an der Stad eng Käerzewuëcht zwëschent 17h30 an 20h30.
Dier kënnt gäeren vun Ufank mat dobäi sin oder no der Schaff nokommen.
Wann Dier bei Facebook sidd, kënnt Dier Iech hei umellen Commemorate animal victims of human tyranny & promote the Animal Rights.
De Flyer, den Dier gäeren iwerall verdeelen an ophänke dierft, kënnt Dier Iech hei eroflueden: Flyer

15.10.2009 De Sonndeg, 4.Oktober hu mer eis also um Glacis getraff fir de WorldWide-March for Animal Rights 2009.
Ech soen heimatt nach emol der Stad Lëtzebuerg an der Police Grand-Ducale e grousse Merci fir d'Autorisatioun an d'Ennerstëtzung an all denen Déierefrënn a Muppen e ganz besonnesch grousse Merci, déi mat dobäi waren, déi Reklamm gemach hun a fläisseg Flyerën verdeelt an opgehaangen hun, der Press, déi sech fir eist Uleies interesséiert huet an dëst soumatt méiglech an zu engem kléngen Erfolleg gemach hun.
De Marsch as wéi geplangt friddlech ofgelaaf an jiddereen huet fir säin Uleies, dat him betreffend den Déieren hir Rechter am meeschten um Häerz loung demonstréiert.
Fotoën vum Marsch gin et ënner Album I an hei Album II.
De Presseartikel aus dem Lëtzebuerger Wort an dem Point 24 kënnt Dier Iech hei ukucken:
Artikel aus dem Lëtzebuerger Wort vum 8. Oktober 2009
Artikel aus dem Point 24 vum 5. Oktober 2009
Ech hoffen, Iech all d'nächst Joër eremzegesin, wann et erem heescht: Mir marschéieren fir den Déieren hir Rechter! D'Déieren zielen op EIS!

04.10.2009 WorldWide-March for Animal Rights 2009 an der Haaptstad Lëtzebuerg.
Mir treffen eis de Sonndeg, 4.Oktober um halwer 2 um Glacis a gin um 14.00 Auer fort, durch de Park a Richtung Gëlle Fra.
Mir demonstréieren friddlech fir eisen Déieren hir Rechter!
All gudd sozialiséierte Mupp as wëllkomm, soulang heen mam Stress ënnert ville Leit an anere Muppe emgoë kann.
Respektéiert w.e.g. dat Lëtzebuergescht Muppegesetz vum 9.Mee 2008 an denkt och fir dee "klengen Akzident" ennerwee un "Doggy bags"!

Als Zeechen vun eiser Zesummegehéieregkeet, dot w.e.g. eppes Roudes un. Fir weider Informatiounen, stin ech Iech gaeren zur Verfügung an: D'Déieren zielen op Iech!
Fir déi, wou eis nach e besschen Reklamm mache wëllen, kënnen hei de Flyer an/oder de Presseartikel eroflueden.

28.09.2009 Haut as mäi Presseartikel am Tierarztblog iwer de Marsch fir d' Déierechter vum 4. Oktober veröffentlecht gin.

18.09.2009 Haut war e flotten Artikel am Tageblatt iwer de Marsch fir d' Déierechter vum 4. Oktober an iwer meng Arbecht.

19.07.2009 Pet-Psy-CaFe as och op Facebook!

19.07.2009 De Site vum Pet-Psy-CaFe geet online !










info@pet-psy-cafe.eu