Ausdrocksverhalen
Op der ganzer Welt gin et 116 offiziell Sproochen, (onoffiziell, a vill dovunner vum Ausstierwe bedroht, em déi 6.500!!), déi mir Mënschen eis zougeluegt hun, fir eis ënnerteneen ze verstännegen.
D’Déieren verstännegen sech ënnert sech an hirer Sprooch, enger Sprooch ouni Wieder!
Si follegen nach ganz hirem Urinstinkt, deen mir scho längst um Wee vun der Zivilisatioun vergiess an ofgeluegt hun.
Fir d’Kommunikatioun zwëschent dem Mënsch a sengem Mupp ze fuerderen, as deen effizienteste Wee wahrscheinlech, dass de Mënsch dem Mupp seng Sprooch léiert als dass mer lo wëllen ufänken, de Mupp schwetzen ze léieren!
Den Urpapp vum Mupp, souwéi mir en hautdesdaags kennen, de Wollëf, huet ongeféier 60 verschidde Mimiken!
Op kuerz Entfernung kommunizéieren eis Muppen haaptsächlech iwer taktil an optësch Signaler. Si beobachten och eis Kierperhaltung a –sprooch andauernd.
Akustësch Signaler, wéi Grommelen oder Billen, gi just zousätzlech agesaat.
D’Muppen benotzen hiren ganze Kierper fir Signaler auszesenden. Zur Mimik zielen d‘Aan, d’Oueren, d’Stier, d’Lëpsen, an den Nuëseréck. Zur Gestik dann éischter de Rescht vum Kierper, d’Haltung, d’Beweegung, d’Haltung vum Kapp a vum Schwanz.
D’Kommunikatioun gëtt erschwéiert durch d'Rassebildungen vum Mënsch.
Doduerch dass et Muppen gëtt, déi ë kupéierte Schwanz hun oder ouni op d’Welt kommen as et fir dee géigeniwerstoende Mupp oder Mënsch méi schwéier hir d’Stëmmung ze deiten.
D’Muppen wéi Bulldoggen oder e Mops, mat kuerze, platte Schnuffen, hun ebenfalls manner Méiglechkeeten mat der Mimik hir „Laun“ auszedrécken.
Dëst kann zu Probleemer féieren wann de Mënsch net „hondësch“ geléiert huet an de Mupp géigeniwer anere Muppen net genuch, schlecht oder guer net sozialiséiert gouf, soudass heen aner „Muppendialekter“ net verstoën an/oder deite kann.
Wa mir Mënschen eis géifen e Ruck gin an vun däer Iddi erofgéinge kommen, dass de Mupp dat ze machen huet wat de Mënsch him seet a soss näischt, da wier der Halschecht vun de Probleemer scho virgebaut!
Wa mer elo och nach verstin, dass mir éischter déi intellektuell Kapazitéiten hun, dem Mupp seng Sprooch ze léieren, ewéi dass heen eis Sprooch léiert, hu mer déi aner Halschecht och schon an Ugrëff geholl!
Wa mer eise Kanner bäibréngen, dass si bei „roud“ net dierfen iwer d’Strooss goen, dass si eng waarm Kachplaque net daerfen upaken oder dass si net dierfen mat frieme Leit schwetzen, firwat brénge mer et dann net faerdeg, eise Kanner ze soen:
Géi ni direkt op e Mupp duer!,
Pak ni e Mupp un deens de net kenns!
- an doriwer eraus:
wann de Mupp esou an esou do steet oder dat an dat mec ht, dann as heen frou oder heen faert oder heen as gestresst?
Fir weider Informatiounen iwer dest Virhun, mellt Iech roueg bei mir... ob fir privat, Crèche, (Spill-)schoul...
Dëst Wëssen iwert d’Ausdrocksverhale vun de Muppen an hier Sprooch ka souvillen Aggressiounen an Mëssverständnësser virbauen!
Fir Äer Sëcherheet, äere Kanner an äere Muppen hir Sëcherheet!
Natierlech gëllt dat selwecht och fir d‘Kaz. De Sachverhalt as just een aneren. Vu datt d‘Kaz ee manner sozialiséiert Déier as a kee Juegd- oder Beutefaangverhalen vis-à-vis vun de Mënsche weist, stellt se fir eis keng direkt Gefor duer.
Mee och d’Kaz huet hiert Ausdrocksverhalen !
info@pet-psy-cafe.eu