Muppegesetzer


Heimtierausweis

Lëtzebuerg

Hei de Link zum Lëtzebuergeschen Muppegesetz vum 9. Mee 2008
Folgend Mupperassen sin am Gesetz als potentiell geféierlech opgefouert:
den Staffordshire Bull Terrier
den Mastiff (= Old English Mastiff)
den American Staffordshire Terrier
den Tosa
a Muppen, déi keng Pabeieren/kee Stammbaam hun an déi duerch hier morphologesch Karakteristiken dem American StaffordshireTerrier, dem Mastiff oder dem Tosa gläichzesetzen sin.

Wat fir Bedéngungen gëllen fir Touristen, déi mat hirem Lëschtenmupp Lëtzebuerg besichen?
Dës Leit mussen volljähreg sin an een Dokument aus hierem Hierkonftsland virweise kënnen, dat ugëtt, dass si de Besëtzer vun dësem Lëschtenmupp däerfen sin an si mussen hiren Mupp ëmmer an der Léngt halen.

Däitschland

Hei de Link zu den Däitschen Muppegesetzer
Et gëtt zur Zäit nach keng eenheetlech Regelung iwert Haltung an d’Zuucht vu sougenannten geféierlechen Muppen, resp. Kampfmuppen.
D’Inneminister vun de Bundeslänner hun awer reagéiert an all Bundesland huet eng Muppeveruerdnung opgestallt.
Op dëser Säit fand Dier all d’Veruerdnungen vun den Bundeslänner.

Fir d’Arees an Däitschland mat Äerem Lëschtemupp musst Dier folgendes beuëchten:
Rasse-Beschränkungen: Pitbull Terrier, American Staffordshire Terrier, Bullterrier, Staffordshire-Bullterrier an Kräizungen dovunner dierfen net ageféiert gin!
Bundesspezifësch Regelungen, wéi z.B. déi vun Hamburg sin ze berücksichtegen.

Frankräich

Hei de Link zum franséischen Muppegesetz:
Déi a Frankräich als geféierlech Muppen opgelëschte Rassen si folgend:
Muppen, déi de morphologëschen Karakteristiken vum Pitbull (American Staffordshire Terrier, Staffordshire Terrier ), den Tosa-Inu an dem Boerbull (Mastiff) entspriechen.
Wann Dier mat Äerem Lëschtemupp a Frankräich wëllt areesen, muss de Mupp an engem internationalen Muppeverband zougeloossenen Stammbuch agedroe sin.


Leinenzwang Dat selwecht gëlt fir Muppen, déi hiren morphologëschen Karakteristiken no mam Rassemupp Rottweiler vergläichbar sin.
Déi genannte Muppen mussen an öffentlechen Verkéiersmëttel, op öffentleche Plazen a Stroossen vun enger volljäehreger Persoun an der Léngt gefouert gin an e Maulkuerw droën!

Belsch

Hei de Link zum Belschen Muppegesetz:
An der Belsch gëllt eng allgemeng Léngtepflicht.
Déi örtlech Behörden kënnen fir geféierlech Muppen ë Maulkuerwzwang unuerdnen.




A folgende Länner vun der Europäëscher Unioun geet et duer wann d’Muppen mat engem Chip elektronësch identifizéiert sin. Bis 2011 gin gudd lieserlech Tätowéierungen akzeptéiert.
Den EU-Impfpass muss op verlaangen virgewise kënne gin.
D’Tollwutimpfung muss am Pass vum Déierendokter agedroë sin. D’Welpen mussen bei der 1. Impfung mindestens 3 Méint al sin.
Den Impfschutz gëtt als wierksam betracht, wann ab der Impfung 21 Deeg zréckleien.
Widderhuelungen vun den Impfungen sollen gemach gin ier den agedroënen Gëllegkeetsdatum ofgelaf as.
Dës Bestëmmungen gëllen an Bulgarien, Griechenland, Estland, Lettland, Litauen, Lëtzebuerg, Éisterräich, Polen, Rumänien, Slowakesch Republik, an Zypern.









info@pet-psy-cafe.eu