Rasseproblematik


Antas & Neo Ëmmer erem liese mer an de Medien, dass e bluttrünstegt Béischt, eng Kampfmaschinn, eng Bestie, och nach bekannt ënnert dem Numm: Kampfhond!, ee Kand zerfleescht huet.
Natierlech as déi Tragédie einfach esou geschitt. Keen huet eppes gemach, oder eppes gesin!
Dat wëllt Béischt as ouni Grond an ouni Unzeechen iwert d’Affer hiergefall!
Wéi soen se sou schéin: Wer’s glaubt, wird selig!

Als éischt ë besschen Hannergrondinformatiounen:
Deemols am Joër 2000 as et ugaangen, zu Hamburg an Däitschland, wou e 6-Joër ale Bouf vun engem Staffordshire an engem Pitbull ugegraff an doutgebass gouf.
Wat kee wousst, de Besëtzer war virbestroft a seng Muppen durch fréier Bäissvirfäll bekannt. De Besëtzer huet net op d’Behörde gelauschtert a sech geweigert de Muppen Maulkierw unzedin an se un der Léngt ze halen. Si waren schon virun desem Virfall an aner Bäissereien verwéckelt.

D’Öffentlechkeet geréiht a Panik!
D’Politiker loossen d’Muskele spillen an sëtzen sech direkt un nei streng a verschärften Veruerdnungen!
48 Stonnen duerno loung déi 1. Veruerdnung zu Hamburg um Dësch!
Den deemolege Buergermeeschter vun Hamburg, Ortwin Runde (SPD), sot: “Wir wollen Kampfhunde aus der Stadt weg haben!“
14 Mupperassen dierfen ab deem Moment just nach mat Maulkuerw an an der Léngt op d’Strooss an Pitbull an American Staffordshire Terrier dierfen just nach ënner ganz strengen Oplaagen gehale gin.
Am Abrëll 2001 verbidd déi Däitsch Bundesregierung d’Aféieren vu véier Mupperasse: Pit Bull Terrier, American Staffordshire Terrier, Staffordshire-Bullterrier an Bullterrier!
Op d’Aféieren trotz Verbued stin 2 Joër Prisong!
Kontrolleren dierfen d’Grondstécker an d’Wunnéngen betrieden!
All aner Bundeslänner verschärfen hir Regelen eenzel: Léngtzwang, Maulkuerwzwang, streng Zuucht- an Haltungsverbueder, d’Muppe gin gechippt, an d’Protokoller op 50.000 Euro erhéicht.
Dausenden vun potenziell geféierleche Muppen gin ageschléifert.


Antas & Neo Wat huet sech verännert?
D’Leit hun Angscht virun Kampfhënn, déi et net gin, d’Kanner iwerhuelen dës Angscht vun den Elteren an hirem Ëmfeld, déi ganz Gesellschaft huet eng falsch Meenung vun de Muppen am Allgemengen!
Onwëssender loossen sech vun den Titelën aus de Medien hypnotiséieren, si gleewen alles, d’Politiker soen dat selwecht, da muss et jo bal stëmmen, si wëllen eis jo just virun denen Bestien schützen.
Et gin manner Pitbulls, Rottweiler, American Staffordshire Terrier an eiser Gesellschaft oder si sëtzen aarmséileg an engem Déierenasyl, well se näischt verbrach hun, ausser ënnert däer Rass op d’Welt komm ze sin!
Wat sin d’Tatsaachen?
Als éischt Mol eng erschreckend Wourëcht: ALL Mupp kann bäissen!
Awer liesen oder gesin mer och spektakulär Geschichten a Berichter an den Zeitungen oder um Fernseh wann een Dackel een an e Fanger pëtzt, oder e Yorkshire Terrier een Jogger an d’Wuëd pëtzt?
Dat si jo keng Kampfhënn a potenziell ongeféierlech, déi wollte bestëmmt nemmen spillen!!!
Dann sin vun de Bäissattacken meeschtens Kanner betraff.
Firwat? Ma ganz einfach, well méi ewéi ¾ vun alle Muppen a Famillen mat Kanner ënner 14 Joër liewen.
Vun denen 30.000 bis 50.000 Bëssverletzungen, déi all Joër an Däitschland behandelt gin, sin méi ewéi 50% Kanner betraff. Dozou daerfe mer déi onbekannten héich Donkelziffer net vergiessen!!!
Enger Studie vum Kannerakzidents-Fuerschungszentrum vun der Uni-Klinik fir Kannerchirurgie am Éisterräicheschen Graz huet ergin, dass 73% vun de Bäissvirfäll mat Muppen geschéihen, déi d‘Kanner kennen a meeschtens geschéihen se beim Mupp doheem.

24% vun de Kanner gi vum eegene Mupp gebass, nëmmen 15% vun engem komplett friemen Mupp!
73% vun de Kanner waren beim Zäitpunkt vum Akzident ënner 10 Joër al.
28% vun de Kanner hu mam Mupp gespillt, wéi et geschitt as, 14% sin laanscht de Mupp gaangen, 10% hu mam Mupp geschmust an 8% hun ë gefiddert.
A 74% gin der Bäissattack eng Interaktion mam Mupp viraus!


Antas & Jerry Gin et geféierlech Rassen?
Definitiv : Nee!
Däer Meenung sin virun allem Experten, souwéi d’Dr. Dorit Feddersen-Petersen, Fuerscherin fir Verhalen op der Universitéit Kiel. Si seet och zu desem Thema ënnert anerem: “Eine Fehleinschätzung wird nicht dadurch besser, dass man sie ständig wiederholt!“. Studien beleën, dass vu Familjenmuppen datselwecht Gefährdungspotenzial ausgeet ewéi vu vermeintlech geféierlechen Rassen.
Natierlech bäisst ee 40Kilo-Mupp méi fest zou ewéi en 2,5Kilo-Mupp!
Mir brauchen definitiv keng Rasselëschten!
Si féieren zu näischt, well all Hond potenziell geféierlech ka gin a bäisse kann!

Ausserdem as nach keen op d’Iddi komm, dass de Feeler beim Mënsch leie kéint?
As de Mënsch sou arrogant an onfehlbar?
Et as um Mënsch säi Mupp 100% ënner Kontroll ze hun.
Et gi Muppen fir „Ufänger“ an et gin der, do muss een eng gewëssen Erfahrung matbréngen!
Nët all Rass passt zu all Mënsch, zu all Emfeld an all Famill!
Zur Hëllef an Ennerstetzung gin et Déierendokteren, Déierepsychologen, Verhalensberoder, a Muppeschoulen.
Verurteelt nët no Rass an Ausgesin, mee no Charakter a Wiesen!. Dat Recht huet all Liewewiesen!



"Auschwitz fängt da an, wo einer steht und denkt, es sind ja nur Tiere."
Theodor W. Adorno






info@pet-psy-cafe.eu