Mäin Numm as Tania Hoffmann-Fettes, ech si Lëtzebuergerin an gouf den 20. Abrëll 1976 zu Lëtzebuerg gebuer.
Opgewuëss an der ländlecher Loft zu Gonneréng, am Osten vu Lëtzebuerg, wor ech vu Kléngem un an der Natur an ëmgin vun Hausdéieren.
Mam Danny, engem Belsche Schéiferhond, sin ech grouss gin, heen wor eng ganz trei Séil an ëmmer un eiser Säit. Heen as mat 14 Joër gestuerwen.
De Ray, en Däitsche Schéiferhond, souwéi de Callow, ë jonke Schéiferhondsmix, koumen aus dem Gaasperecher Déierenasyl. De Callow as leider op der Haaptstrooss iwerfuer gin.
De Jaco, eise Gropapagei, huet eis mat sengem Geschnabbels och op Trab gehalen.
Den Tommy, en wäissen Zwergpuddel, hate mer vun engem Ziichter vu Fléiber aus dem Eisléck. Heen hat en Gehiertumor an huet missen ageschléifert gin.
D'Primärschoul hun ech zu Gonneréng/Jonglënster gemach an duerno wor ech am Lycée Robert Schuman um Lampertsbierg.
Mat 18 Joër hun ech mech an d'Beruffswelt begaangen an a verschiddenen Betriber an Affekotsétuden als Direktiounssekretärin an Assistentin geschafft.
Ech hun stänneg no enger neier Herausfuerderung gesicht, wéi z.B. spuënesch geléiert, eng Weiderbildung am Beräich vun der Kommunikatioun, PR a Media Relations gemach, asw...
Am August 2003 hu mer op Sardinien d'Antas gerett.
2004 hu mer eis entscheed a Südfrankräich auszewanderen, Natur pur...
Fir d'Grondstéck ze bewaachen, hu mer de Jerry, ee Rottweiler-Beauceron Mix, am September 2004 aus dem Escher Déierenasyl matgeholl.
Dohannen hu mer vun engem "iwerlaaschtenen" franséischen Ziichter am Januar 2005 ee Montagne-des-Pyrénées kritt, eist Loona.
Den Neo hu mer schlussendlech als 4 Wochen-ale Welpen am Juli 2005 op der Strooss fond.
Iwert dës Muppen kritt der an der Rubrik "Meng Psycho-Déiercher" méi Detailer.
Am August 2005 hu mer de Bijou, ee klénge Kuederchen vu max. 6 Wochen, zu Limoux fond, heen wor aus enger Wunnéng vum 2. Stack gefall, an huet dementspriechend ausgesin.
Säit dem Januar 2008 sin ech erem zu Land an am Mäerz hu mer d'Lucy vum däitschen Déierschutzveräin Tiere-in-Not-Saar adoptéiert.
D'Lucy as eent op 11 Joër geschätzt Pinschermix-Weibchen an Dier fand méi Detailer iwer seng Liewens-a Gesondheetsgeschicht an der Rubrik "Meng Psycho-Déiercher".
D'Aarbecht vun dësem Veräin an de Wëllen den Déieren ze hëllefen an och eppes ze veränneren, hun mir am Mee 2007 den Ustouss gin, Déierepsychologie ze studéieren.
Hei eng Iwersiicht vun den studéierten Skripten:
Déierepsychologie Spez. Hond:
- Geschicht vun der Verhalensforschung
- Ethogramm vum Wollef
- Verhalensphysiologie
- Léieren a Gediëchtnes
- Verhalensökologie
- Ethologie vum Hond (Dr. E. Zimen)
- Vergläichend Verhalensbeobachtungen beim Wollef a beim Kinnékspuddel (Dr. E. Zimen)
- Léierverhalen, Motivatioun an Ausbildungsmethoden beim Hond
- Verhalensstéierungen beim Hond
- D'Haltung an d'Erzéihung vun Haus-, Familjen- a Begleithënn (Günther Bloch)
- Iwer d'Fortpflanzungsbiologie vum Haushond / Ännerungen vis-à-vis vum Wollef
- Verhalenstherapie vum Hond (3 Deeler)
Aus-/Weiderbildung per Fernkurs an Australien mam Zil zum Certified Companion Animal Behaviourist (Canine & Feline):
Certified Companion Animal Behaviourist (Canine & Feline)
Certificate in Companion Animal Behaviour (Canine & Feline) with Distinction
Statement of Academic Record
Zur stänneger Weiderbildung, aus perséinlechem Interessi an och fir aner Standpunkter vu Biologen, Kynologen an Verhalensfuerscher kennenzeléieren an auszewäerten, huelen ech regelméisseg u Seminaren a Virträg deel. Hei eng Auswiël:
"Trouble im Schubladenschrank" - Hunde, Rassen, Individuen: Wann, wie, wo und weshalb entwickelt sich aggressives Verhalten? (Betreffend d'Problematik vun de Rasselëschten) vun der Dr.rer.nat. Ute Blaschke-Berthold (Dipl.Biologin, Trainerin, Verhaltenstherapeutin, Autorin)
"Welpen und Junghunde, Tendenzen erkennen ? So können Verhaltensweisen entstehen" - Verhaltenstendenzen erkennen bei Welpen und Junghunden, Wie Verhaltensweisen entstehen und in die richtigen Bahnen gelenkt werden können, vum PD.Dr. Udo Ganslosser
"Wolfseltern und ihre Vorbildfunktion für den Nachwuchs" - Wolfseltern und ihre Vorbildfunktion für den Nachwuchs, Gruppenverhalten in Kaniden-Familienverbänden, Dominanzbeziehungen zwischen Wolfseltern, Welpen und Jungtieren, vum Günther Bloch (Wollëfsfuërscher, Kynolog an Autor)
"Ohne Worte ?! – Hunde verstehen", Viertraag vun der Diplom-Déierepsychologin Susanne Meyer, 11. Juli 2009
Éischt-Hëllef-Cours fir Muppenmënschen, Déierepraxis Römische Villa zu Longuich (DE), ofgehalen vun der Déierendoktesch Isabelle Reissmann, 9. August 2009
"Happy Dog Tour 2011" - Entschlüsselung eines Tabus: Wann Aggression gesund ist!, 11. Mai 2011
Viertrag vum Günther Bloch - Von aggressiven Individuen bis hin zum Wolf im Schafspelz
Viertrag vum PD Dr. Udo Gansloßer - Weshalb aggressives Verhalten überlebenswichtig ist
"Wanns Du mat den Déieren schwetz, schwetzen si och mat Dier, an Dier wäert Iech kenneléieren. Wanns Du net mat hinnen schwetz, dann wäert Dier Iech ni kenneléieren. Wat's Du net kenns, wäerst Du fäerten. Wat's Du fäerts, zerstéierst Du."
Zitat vum Häuptling Dan George aus dem Buch "Calming Signals"
info@pet-psy-cafe.eu