Verhalenstherapie


Verhalensstéierungen beim Mupp
Verhalensstéierungen bei der Kaz





Antas & Bijou

Verhalensstéierungen beim Mupp

- Äere Mupp behëllt sech net esou, wéi Dier Iech dat virstellt?
- Äere Mupp as net gaeren aleng?
- Äere Mupp follegt schlecht oder guer net?
- Äere Mupp zitt un der Léngt?
- Äere Mupp zerstéiert Miwwel, Këssen..., wann Dier net do sidd?
- Äere Mupp verdréit sech net mat aneren Muppen?
- Äere Mupp as ängstlëch?
- Äere Mupp as aggressiv vis-à-vis vun anere Muppen?
- Äere Mupp as aggressiv vis-à-vis vu Kanner an/oder frieme Mënschen ?
- Äere Mupp as aggressiv vis-à-vis vun Iech, Äerer Famill, Äere Kanner ?
- As Äere Mupp vläicht net (richteg) propper ?

Wann nëmmen ee Punkt ob Iech zoutrëfft, sidd Dier bei mir genau richteg.




Loona

Wéi ech virgin?

Am Beschten mir machen e Rendez-Vous aus an ech komme bei Iech laanscht. Bei desen Rendez-Vousë mussen all Familjemembere dobäi sin, déi mam Mupp ze din hun a rechent w.e.g. ¾ bis eng Stonn an.
Bei der Anamnes beschwetze mer de Probleem, wou Dier mam Mupp gesidd.
Duerno kritt Dier schrëftlech en détailléierten an op Äeren Mupp/Probleem bezunnenen Therapie-/Trainingsplang vu mir zougeschéckt, deen ech Iech awer gaeren a selbstverständlech och mëndlech erkläeren.
Dier musst wëssen, dass ech als Verhalensberoderin/Déierepsychologin net selwer an direkt op Äere Mupp awierken.
Ech vermëttlen Wëssen, beroden Iech am Emgang mam Mupp an handele meeschtendeels als "Iwersetzer"/ Vermëttler zwëschent Mënsch a Mupp.
Natierlech stin ech Iech während der ganzer Therapie telefonësch zur Verfügung an ech kommen och a reegelméissegen Ofstänn kucken, wéi dat Ganzt sech entwéckelt.




Tierheim

Verhalensstéierungen bei der Kaz

- As Äer Kaz aggressiv, bäisst a kraazt se Iech?
- As Äer Kaz ängstlech, ziddert së?
- Markéiert Äer Kaz an der Wunnéng?
- Verléiert Äer Kaz Hoër?
- Zerkraazt Äer Kaz Äer Miwwel oder aner Saachen?
- Knabbert Äer Kaz un Äere Planzeny?
- As Äer Kaz net propper?

Wann Dier nemmen 1 Punkt mat „jo“ beäntwere kënnt, dann sidd Dier bei mir richteg.

Wéi ech virgin?

U sech d’selwecht wéi beim Mupp.
Am Beschten mir machen e Rendez-Vous aus an ech komme bei Iech laanscht. Bei desem Rendez-Vous musse op d’mannst dee Familjemember do sin, deen am meeschten mat der Kaz ze din huet.
Bei der Anamnes beschwetze mer de Probleem, wou Dier mat der Kaz festgestallt hudd.
Duerno kritt Dier schrëftlech en détailléierten an op Äer(e) Kaz/Probleem bezunnenen Therapieplang vu mir zougeschéckt, deen ech Iech awer selbstverständelch och mëndlech erkläeren.
Dier musst wëssen, dass ech als Verhalensberoderin/Déierepsychologin net selwer an direkt op Äer Kaz awierken.
Ech vermëttlen Wëssen, beroden Iech am Emgang mat der Kaz an handele meeschtendeels als "Iwersetzer" / Vermëttler zwëschen dem Déier an dem Mënsch.
Natierlech stin ech Iech während der ganzer Therapie telefonësch zur Verfügung an ech kommen och a reegelméissegen Ofstänn kucken, wéi dat Ganzt sech entwéckelt.










info@pet-psy-cafe.eu