4.MARSCH FIR D'DÉIEREN 2012




Marsch 2009 hate mer gudd 180 Déierefrënn an Déiereschützer zesummekritt, déi mat hire Muppen matgetrëppelt sin, 2010 waren et der nach e puer méi, 2011 waren et der och em déi 200.

Sief och DU 2012 mat dobäi fir der Regierung an der Welt ze weisen, dass en Déier an der heiteger Gesellschaft e Familjemember an e Liewewiesen as a KENG Saach!

Gidd och Dier mat eis de Sonndeg, 7. Oktober 2012 eng Stëndchen durch d’Stad a weist der Welt, dass d'Déieren de Lëtzebuerger net egal sin.
Treffpunkt as um halwer 3 um Glacis, a fir d’Organisatioun anzehalen gin mir um Punkt 15.00 Auer fort.

All gudd sozialiséierte Mupp un der Léngt as wëllkomm!
Denkt och w.e.g. un „Doggybags“ fir dee kléngen Akzident ënnerwee!

Fir eis Zesummegehéieregkeet ze weisen, biede mer iech eppes Roudes unzedoen!

Weider Aktiounen gin nach ugekennegt (T-shirts asw...)

Et gëtt awer kloer dorop higewisen, dass KENG INTOLERANT Plakater, Transparenter a Sprëch géint Fleeschéisser an/oder Vegetarier geduld gin!

Dier wësst, dass et sech heibäi em eng friddlech Demonstratioun handelt, mir wëllen mat eise Muppen positiv opfalen an eppes fir eis Déieren bewierken.

D'Organisatorin iwerhëllt keng Verantwortung betreffend d'Behuelen vun den Demonstranten an hiren Muppen, jiddereen as fir säin Optrieden a Behuelen selwer verantwortlech.

Dorop eraus as dese Marsch eng öffentlech Veranstaltung un deer jiddereen deelhuelen kann.
D'Organisatorin weist dofir drop hin, dass si neutral a fir hir eegen Ideologie an Iddien asteet an distanzéiert sech domat vun deelhuelenden Persounen oder Organisatiounen denen hir Praktiken oder Ideologie dovun ofwäichen.

De Marsch as och wéi emmer politesch neutral, ALL Parteien sin wëllkomm an mir géifen et begréissen, wann méi ewéi 1 Partei sech fir d'Déieren an den Déiereschutz a Lëtzebuerg asetze géif!

Merci fir Äert Verständnis an d'Déieren zielen op Iech!

D'Säit vum Marsch op facebook, wou der ëmmer iwer News informéiert gidd:







info@pet-psy-cafe.eu